

Informatiounen fir de klenge Parcours vum Wanterlaf vu 6 km: Départ an Arrivée (Walker 8h45 / Leefer 10h00) um Site vum Atert-Lycée. Nom Départ geet et a Richtung Réiden Zentrum iwert de Rond-Point beim Cactus an d'Rue de la Gendarmerie. Bei der Gendarmerie rechts Richtung Ospern wou awer no 150m lenks an d'Vorkeilchen oofgebéit gett, dann no 150m rechts an d'Rue Belair an no 20m lenks direkt a Richtung Waasserbasséing op der Eltz mat liichter Steigung déi belount gett matt engem flotten Panorama.
Duerno geet et nemmen mie biergoof, op en TOP-Ravi zu Ospern mat den Äischdall-Leefer, an enger liichter Steigung bis an d'Arrivée am Atert-Lycée wou dann de leschten, groussen Ravi ass. Vill Spaass gewenscht.


Départ an Arrivée (Walker 8h45 / Leefer 10h00) um Site vum Atert-Lycée. Nom Départ geet et a Richtung Réiden Zentrum iwert de Rond-Point beim Cactus an d'Rue de la Gendarmerie. Bei der Gendarmerie rechts Richtung Ospern, no 150m lenks an d'Vorkeilchen fir ronn 1km. Iwert de gesparten, a bewachten, CR304 liicht steigend a Richtung Norden iwert d'Velospiste bis op de Ravi op der Nojemer-Gare wou dir vun der Nojemer Musek empfang gitt. No enger kurzer Steigung, nach emol iwert den CR304, geet et dann fir e puer Kilometer, am Ufank mat engem flotten Panoramableck, nemmen nach biergoof Richtung Ospern bis bei de Ravi Äischdall-Leefer. Vunn do aus verbleiwen net grad 2km, mat enger leschter liichter Steigung bis an d'Ziel Atert-Lycée wou dann de leschten, groussen Ravi op iech wart. Vill Spaass gewenscht.


Départ an Arrivée (Walker 8h45 / Leefer 10h00) um Site vum Atert-Lycée. Nom Départ geet et a Richtung Réiden Zentrum iwert de Rond-Point beim Cactus an d'Rue de la Gendarmerie. Bei der Gendarmerie rechts Richtung Ospern, no 150m lenks an d'Vorkeilchen fir ronn 1km. Iwert de gesparten, a bewachten, CR304 liicht steigend a Richtung Norden. No ongeféier 1km liicht biergop iwert d'Velospiste geet et lenks a Richtung Nojem. Nom Ravi an der Pullgaass weisen d'Posten de Wée unn fir op de Nojemerbierg wou et no enger starker Steigung vunn 300m duerno liicht virunn biergop geet bis bei de Ravi op der Hueschter-Gare. Vunn do aus dann praktesch nemmen nach biergoof. No 2km verlafen die 14km an de Parcours vunn 10km um Ravi op der Nojemer-Gare wou dir vun der Nojemer Musek empfang gitt. No enger kurzer Steigung, nach emol iwert den CR304, geet et dann fir e puer Kilometer, am Ufank mat engem flotten Panoramableck, nemmen nach biergoof Richtung Ospern bis bei de Ravi Äischdall-Leefer. Vunn do aus verbleiwen net grad 2km, mat enger leschter liichter Steigung bis an d'Ziel Atert-Lycée wou dann de leschten, groussen Ravi op iech wart. Vill Spaass gewenscht.


Heimat stelle mir Iech dann als läscht, no de 6,10 an 14km, eis Kinnëks-Etappe fir. Mat 18,1 km an engem D+ vunn 326m ass et dien usprochsvollsten Parcours um Réidener Wanterlaf. Eng Verlängerung vum 14km Parcours vunn +/-4km ab Hueschtert-Gare a Richtung Norden, mat engem ganz flotten Panorama op Arel an den Atertdall bei guddem Wieder, iwert d'Ruedter Héichten mat Retour op de Ravi Hueschtert-Gare an zreck op de Parcours 14km.
Mir wënschen Iech vill Spass beim Réidener Wanterlaf 2025.